
Have your own adventure with the #1 outdoor app today.
josmuller went for a hike
April 18, 2026 at 10:35
01:45
8.82km
5.0km/h
220m
200m
Aus dem Wanterschlof 🤡 erwächt. Freudenburg statt Freudenstadt. Den "Moselsteig-Seitensprung / König Johann Runde" hat mech inspiréier, mee war mer mat knapp 12 km dach ze laang. Ech hu mer dowéinst eng méi kuerz Variant zesummen gebastelt🤡 . Start uewen am Duerf um Maartplaz, et gëtt awer net vill 🚗Parkplazen. Startplaz ass gutt ze fannen, vun do geet et emol stramm Trap erof, dann weider bis an d'gotisch Buerg, déi vun 1330-1337 vum Jang de Blannen gebaut ginn ass. Duerno weider duerch de Bësch. Ënnerwee béien ech dann awer vun den Seitensprung-Route of. Iwwert Makadamm 🙈 geet et 1,2 km bestänneg biergof. Flott Ausbléck 👀 👀 an d'Landschaft.
Do kommen ech erëm op Seitensprung-Route. Parallel zum Leukbach geet et gemittlech biergop laanscht Fielsen vun der Kollesleuker Schwäiz an de Bësch eran. No knapp 7,5 km sinn ech erëm zréck am Duerf. Klengen Ausfluch op den jüddeschen 🥲🥲Kierfecht. Ënnerwee nach e flotten aalen Kombi (Saab 95 V4 - 1960er bis ufanks 1970er gebaut) gesinn.
Fazit: E gemittlechen a flotten 🥾 Tour, deen Loscht op méi mecht.
Opgepasst: Ortsduerchfahrf vun Kirf ass nach wuel bis Enn Mee 2026 gespaart. Ëmleedung iwwert Uerschels (Orscholz)
Waypoints
Bagged Peaks
Route Details
Elevation
Highest point (430 m)
Lowest point (270 m)
Sign up to see more specific route details
Sign up for free
Comments
Want to know more?
Sign up for a free komoot account to join the conversation.